Den 22.2.24 war an der Stat am Forum um Geeseknäppchen d’Qualifikatioun fir d‘First Lego League ze Lëtzebuerg. Do duerfe Kanner a Jugendlecher vun 9 bis 16 Joer deel huelen an Zil ass et, verschidden Aufgaben am Beräich Robot Game, Robot Design, Innovation Project an Teamwork. D’Steeseler Schoul war och mat enger Equipe vertrueden, déi vum Isabelle Flick a Carole Schmit encadréiert gouf. Si hunn et op Anhieb gepackt, sech fir d’Final vum 24.2. ze qualifizéieren. Och do hu si gutt ofgeschnidden a kruten déi 3. Plaz an der Kategorie Robot Design.
An hierem Innovation Project hunn si sech mam Thema Ornithologie beschäftegt.
Als Steeseler Schoul félicitéiere mir de Schülerinnen a Schüler an och deenen 2 Enseignantë vun den Äerdbierfiiss, déi sech op dësen Défi aglooss an sou gutt ofgeschloss hunn! BRAVO!