Matinée sportive à Steinsel
Gewenner vun engem Bong fir 2 Kanner Material inklusiv am Red Rock Climbing Center sinn
Cycle 1 Ella Maxime a Ralph
Cycle 2 Yasmine Gabriel a Marie Lou
Cycle 3 Karim Judith a Filip
Cycle 4 Loraine Louise a Marie
Vill Spaass beim Klammen a merci all deenen dei mattgemaach hunn
Bravo Julie!
Haut de Metteg 6. Mee 2019 wor d´Hallef-Finale vum Virliesconcours zu Walfer.
D`Julie Pletschette aus der Klass vum Michèle Hardt huet gewonnen!
Eis beschte Gléckwënsch!
Hat därf elo den 2. Juli 2019 op Miersch an d`Kulturhaus an d`Landes-Finale goen! Mir drecken him all d`Daumen!
Eng flott Aktioun
Enn läscht Schouljoer, hunn Kanner vum Schülerparlament eng Aktioun gestart
-fir de Schoulhaff méi propper ze halen
-fir jiddereen drun ze erënneren, op der Toilette Waasser ze zeien
Am Januar goufen elo Poubellen am Schoulhaff an en Deel vun den Toiletten mat coole Stickeren verkleet, déi bei jidderengem gutt ukomm sinn, an hoffentlech dee gewënschten Effekt hunn.
Schoulcharta-Woch
vum 22.10.-26.10.2018 an der Schoul a vum 29.10.-2.11.2018 an der Maison Relais