Virlies-Concours 2016

Start Enn Februar am Cycle 4

Frëndschaft – wat ass dat?

Frëndschaft ass wichteg am Liewen : wie Frënn huet, meeschtert schwéier Situatioune besser. Zesummen ass ee méi staark an et deet gutt, Freed a Leed mat engem Frënd ze deelen, zesummen ze spillen an ze laachen.
Och wa Persoune ganz verschidden sinn, kann tëscht hinnen eng Frëndschaft entstoen. Et gëtt ëmmer Gemeinsamkeeten.
Am Virwuert vun der Brochure gëtt méi am Detail iwwert d’Thema Frëndschaft geschwat.
Vill Kannerbicher, Klassiker wéi nei Bicher, thematiséieren d’Frëndschaft an hire ville Facetten an hire Geschichten. D’Schüler wäerte sécher interessant Lecture derzou an der Bibliothéik entdecken. Dee Passage, deen aus dem Buch virgelies gëtt, soll och d‘Thema erëmginn. Virgelies gëtt an den dräi Schoulsproochen.