Chrëschtbasar 2014
D’Kanner, d’Enseignantë an d’Educatricen aus der Schoul Steesel haten den 3.Dezember 2014 op hiren 1.gemeinsamen Chrëschtbasar invitéiert.
Di Wochen virdrun wor an deene 4 Cyclen mat vill Äifer gemoolt, geseet, gebastelt, geschriwwen, gekacht a geübt ginn. Vill flott Dekoratiouns- a Cadeausiddien goufen mat Succès zum Verkaf ugebueden. Mee och bei engem gudde Patt konnt een sech fir de Feierowend entspanen. An och vill gutt Maiffel goufen a grousser Variatioun ugebueden: e gehäertzten Buffet an eng Kaffisstuff, offréiert vun den Elteren an den Enseignantë, Chilli con Carne, Popcorn, Kuch am Glas a Genaschels.
D’Kanner hunn deelweis gehollef ze verkafen a woren mat Begeeschterung bei der Saach.
Den Cycle 2 huet ausserdeem e klenge Concert mat Kleeserchers- an Chrëschtdagslidder virgedroen.
Ganz vill Leit woren dann och an de Centre de Loisirs komm fir e puer flott Stonnen zesummen ze sinn
