Liesen iwwer Bicher - Bicher iwwer d’Liesen
Eis Schoul mecht matt!
fir d’ Journées du livre et du droit d’auteur (18. - 23. Abrëll 2016), déi dëst Joer ënnert dem Motto “Vun der Iddi bis bei d’Buch / Une idée – un livre” stinn, lancéiert de Ministère Fir Educatioun, Kanner a Jugend d’Aktioun
Liesen iwwer Bicher - Bicher iwwer d’Liesen
Bei “Liesen iwwer Bicher” geet et em d’Chaîne du livre, also de Wee vum Buch vun der Ausgangsiddi bis datt d’Buch beim Lieser ass.
Aktuell ginn et awer och vill Bicher wou d’Buch zum Thema vun enger Geschicht, engem Buch gemaach gëtt. Et geet ëm d’Wichtegkeet an d’Kraaft vum Liesen. Duerfir steet de Begrëff “Bicher iwwer d’Liesen”.
